RaRo (Ranger a Rover)

D’RaRo ass déi fënneft Branche bei den LGS, no de Biber, de Wëllefcher, den AvEx an de CaraPio. An de RaRo sinn d’Jongen a Meedercher tëschent 17 an 23 Joer al.

D’Ziler vun de RaRo sinn un de Besoinen vun de jonken Erwuessenen orientéiert. Si sinn um Wee an d’Erwuesse-Sinn a ginn dobäi vun hirer Scoutsgrupp ënnerstëtzt. Si léieren ëmmer méi den Interessi u gesellschaftlechen Themen an den Engagement an hirem Grupp, an der Famill an an der Gesellschaft.

D’RaRo treffen sech reegelméisseg an hirem Clan. Si setze sech selwer Ziler a Reegelen fir hiert Zesummeliewen a -schaffen. Si léieren dobäi nei Kompetenzen an demokratesch Prozesser.

Albatrossen

De Grupp vun den Albatrossen ass oppen fir all jonk Erwuessener, déi Member vun de Guiden a Scouten wëlle bleiwen oder ginn, a méi al wéi 24 Joer sinn. Albatrossen maachen keng reegelméisseg eegen Aktivitéiten, mee hëllefen éischter dem lokale Grupp bei séngen Aktivitéiten.

Albatrossen kënnen weiderhin Member vun den LGS bleiwen, mussen awer zousätzlech zur Cotisatioun och eng Onfallversécherung bezuelen, wa si un Aktivitéiten am Grupp deelhuelen.

RaRo an Albatrossen an eisem Grupp

Mir bidden an eisem Grupp Aktivitéiten fir jonk Leit un, déi op enger Universitéit am Ausland sinn a Kontakt mat de Guiden a Scouten zu Lëtzebuerg wëllen halen / hunn. Wann s du scho Member bei den LGS bass, kanns du Member an dengem lokale Grupp bleiwen an ouni weider Fraisen Member bei eis ginn, fir un eise Scoutsaktivitéiten deelzehuelen.

Eis Aktivitéiten wenden sech och un engleschsproocheg jonk Leit, déi hei zu Lëtzebuerg studéieren oder schaffen. Si sichen iwwer eise Grupp Kontakt mat lëtzebuergesche Jonken, well si ganz staark interesséiert sinn, sech zu Lëtzebuerg ze integréieren. Duerch eis Aktivitéiten léiere si de Scoutismus oft eréischt kennen.

Wann s du interesséiert bas, fir bei Aktivitéiten vun de RaRo an Albatrosse op Lëtzebuergesch matzemaachen, da kanns du eng Mail op raro.albatrossen(at)esch-belval.lgs.lu maachen.

Wann s du Froen zu der Branche vun de Raro oder Albatrossen mat engleschsproochegen Aktivitéiten hues, da kanns du eng Mail op studentscouting(at)esch-belval.lgs.lu maachen.