Marie Skłodowska-Curie

* de 7. November 1867 zu Warschau am russesche Räich

† 4. Juli 1934 bei Passy

D’Marie Skłodowska-Curie, gebuer Maria Salomea Skłodowska, war eng Physikerin a Chemikerin vu polnescher Hierkonft, déi a Frankräich gelieft a geschafft huet. Si huet d’Stralung vun Uranverbindungen ënnersicht, déi den Henri Becquerel am Joer 1896 observéiert huet an huet dofir d’Wuert “radioaktiv” geprägt. Am Kader vun hirer Fuerschung, fir déi si 1903 mam Nobelpräis an der Physik (zesummen mat hirem Mann Pierre Curie an dem Henri Becquerel) an 1911 mam Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent gouf, hunn si an hire Mann Pierre Curie déi chemesch Elementer Polonium a Radium entdeckt. D’Marie S.-Curie ass déi eenzeg Fra ënner fënnef Leit, déi bis elo e puer Nobelpräisser kritt huet, an déi eenzeg Persoun ausser dem Linus Pauling, déi Nobelpräisser an zwee verschiddene Beräicher kritt huet.

(Wikipedia, Link, 18.12.22)