De “Cluni”

Am Joer 1985 (genau den 8.9.) ass innerhalb vun der Branche RaRo e Clan des Universitaires, genannt “Cluni” gegrënnt ginn. De Cluni war geduecht fir all RaRo, déi net méi reegelméisseg un den Aktivitéiten vun hirem lokale Grupp konnten deelhuelen, well si op enger Uni oder Héichschoul am Ausland studéiert hunn. De “Cluni” sollt fir dës Guiden a Scouten am Ausland eng Méiglechkeet sinn, de Kontakt mat der Route, an den LGS ze behalen.

 

Eise Grupp

An der Séance académique vum 1. Mäerz 2019 fir 100 Joer Lëtzebuerger Guiden a Scouten ze feieren, hunn de Jom Weber an d’Christiane Meyers, déi allen zwee op der Uni Lëtzebuerg geschafft hunn, d’Iddi vun engem neie Grupp fir Studenten zu Esch-Belval lancéiert.

Am August 2020 hu sech de Jom an d’Christiane mam Caroline Residori, Françoise Kemp an David Wolter getraff, fir zesummen iwwer d’Grënnen vun engem Scoutsgrupp op der Uni Lëtzebuerg nozedenken.

Den 18. Dezember 2020 ass déi éischt online Aktivitéit am Discord gelaf, wou niewent den Commissaires généraux vun den LGS, och fënnef interesséiert RaRo deelgeholl hunn.

De 27. Februar 2021 hunn déi fënnef Grënnungsmember offiziell beim Verbandscomité vun den LGS ugefrot, fir en neie lokale Grupp vun den LGS zu Esch-Belval ze grënnen. De Verbandscomité huet de 6. Mee 2021 säin Accord dozou ginn.Am September hu mir d’Marie Sklodowska-Curie als Patréinerin vun dem neie Grupp gewielt.

Eis Verbindung zur Uni Lëtzebuerg

Eise Grupp ass vun der Uni.lu als Recognized Partner unerkannt. En Recognized Partner ass eng Associatioun, déi mindestens zwee Student*innen vun der Uni.lu an hirem Comité huet an Aktivitéiten och (mee net exklusiv) fir Student*innen vun der Uni.lu ubitt. Duerch déi Unerkennung, dierfe mer verschidden Servicer vun der Uni.lu notzen, wéi z.B. Räim fir eis Aktivitéiten duerchzeféieren, Kommunikatiounskanäl fir eis Aktivitéiten bekannt ze maachen. Mir sinn awer net eligibel fir eng finanziell Ënnerstëtzung vun der Uni.lu.