De Grupp Marie Sklodowska-Curie

 

Eise Grupp ass 2021 gegrënnt ginn. Mir hunn eise Sëtz zu Esch-Belval. Eise Grupp ass gläichzäiteg en “Recognized Partner” op der Universitéit Lëtzebuerg. Mir bidden Aktivitéiten fir Studéirender vun der Universitéit Lëtzebuerg resp. Jonker, déi an enger tertiärer Ausbildung sinn, a Loscht hunn, Scoutismus z’erliewen.

Op eisem Site fënns du Informatiounen zu eise Branchen, hiren Aktivitéiten an zu eisem Grupp. Kontaktéier eis wann s Du weider Froen hues!

 

Vill Spaass op eisem Site!

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten

sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Hier Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir anerer z’iwwerhuelen. Zesummen a Gruppe kann all Eenzelen flott Erfarunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir anerer, anzesetzen.

 

Error: No data found, Try connecting an account first and make sure you have posts on your account.

Error: Error validating access token: Session has expired on Monday, 16-Mar-26 10:13:45 PDT. The current time is Friday, 20-Mar-26 23:20:54 PDT.