Wou fannt dir eis?
D’Postadress vun eisem Grupp ass d’Maison du Savoir vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch-Belval:
LGS Grupp Marie Sklodowska-Curie
c/o Maison du Savoir (MSA), Office of Student Life
2, avenue de l’Université
L-4365 Esch-sur-Alzette


Duerch eis Unerkennung als Recognized Partner vun der Uni Lëtzebuerg, dierfe mir fir eis Aktivitéiten d’Räim an der Maison des Arts et des Étudiants (MAE) a kleng Räim vun der Maison du Savoir notzen.


Mir notzen och virtuell Räim fir eis Versammlungen mat Student*innen, déi net zu Lëtzebuerg studéieren.
Kontakt
Wann s du allgemeng Froen hues zu eisem Grupp, da kanns du eng Mail op info(at)esch-belval.lgs.lu maachen.
Wann s du Froen zu der Branche vun de Raro oder Albatrossen mat Aktivitéiten op Lëtzebuergesch hues, da kanns du eng Mail op raro.albatrossen(at)esch-belval.lgs.lu maachen.
Wann s du Froen zu der Branche vun de Raro oder Albatrossen mat engleschsproochegen Aktivitéiten hues, da kanns du eng Mail op studentscouting(at)esch-belval.lgs.lu maachen.