Friddenswuecht 18.12.2024
Mir invitéieren all Guiden, Scouten a Frënn ab 14 Joer häerzlech op d’Friddenswuecht 2024 – en Owend voller Rou, Besënnung an dem Deele vum Friddensliicht. Zesumme wëlle mir an dëser spezieller Zäit eist Liicht a Fridden verdeelen.
Detailer:
Datum: 18. Dezember 2024
⏰ Zäit: 18:30 – 21:30 Auer
Plaz: Campus Esch/Belval, Student Lounge @Maison des Arts et des Étudiants (Entrée vis-à-vis vun der Maison des Sciences Humaines 11, porte des Sciences)
Programm:
- Ab 18:30: Chrëschtdeko, Zopp a Gedrénks, ugebueden vun den Albatrossen Bieles-Zolwer
- Ab 18:45: Meditativen Tour mat Impulstexter a Spiller
- Ab 20:00: Lidder sangen mam Universitéitschouer
- Ab 20:00: Verdeelen vum Friddensliicht
Dësen Owend gëtt organiséiert vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten (Grupp Marie Curie Esch-Belval an Grupp Grand-Duc Jean Bieles-Zolwer). Mir wëllen zesumme mat iech e staarkt Zeeche vu Fridden a Matgefill an der Adventszäit setzen.
Kommt laanscht an erliewt en inspiréierenden a friddlechen Owend mat eis!